Mataarbechter (m/w/d)

COOP-ISJB-2501-COLL-H5

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

• Dir schafft am Geméisgaart beim Ubau a beim Ernten vum Geméis
• Dir schafft sou wuel an der Serre wéi am Fräiland
• Dir schafft zesumme mat eise Mataarbecher:inne mat enger Beanträchtegung a begleet si bei allen Aufgaben am Alldag
• Bei Bedarf gitt Dir eis Produite bei d’Clienten ausliwweren

Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil

D’Yolande Coop sicht fir säin Atelier d’inclusion professionnelle Evergreen zu Betzder e Mataarbechter.

Disponibilitéit: direkt

• DAP als Geméisgäertner oder Gäertner
• Dir sidd motivéiert fir an engem nohaltege Gaart ze schaffen
• Erfarung am Beräich vun der Permakultur oder/an dem biologeschen Ubau gëtt als Virdeel ugesinn
• Dir sidd engagéiert, zouverlässeg a flexibel
• Dir hutt Erfahrung am Ennerhaale vu Gäert
• Dir sidd kierperlech belaaschtbar a gär kierperlech täteg, Dir schafft gär dobaussen
• Dir schafft selbstänneg a sidd verantwortungsbewosst, gläichzäiteg sidd Dir en Teamplayer
• Dir hutt de Permis B
• Dir hutt en éierlechen Interessi un der Zesummenaarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung

Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

• Eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht
• Schaffen an engem klengen Team mat kuerze Weeër
• Schaffen an engem modernen an dynameschen Betrib zesummen mat de Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung
• Bezuelung nom CCT-SAS

Delai fir d’Kandidatur: 08.05.2025

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Kontakt

Yolande coop

Directrice Atelier d'inclusion professionnelle
Maud HANSEN

2, rue de Wecker
L-6832 Betzdorf

Tel: +352 71 93 19 - 2437
www.elisabeth.lu