Ee Chef de Service am Beräich Fleeg (m/w/d)

MSSD-2509-CDS-SNS-H4

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

  • Organiséieren, matentwéckelen, ëmsetzen an evaluéiere vun transparenten Aarbechtsofleef am Wunnberäich, esou dass eng zilorientéiert Fleeg a Betreiung geleescht kënne ginn
  • Matentwéckelen a Fleege vun engem motivéierten, kompetenten a multidisziplinäre Mataarbechterteam
  • Gestioun vun der Fleegeversécherung
  • Sécherstelle vun enger korrekter Fleegedokumentatioun, professionnellen Transmissiounen an engem transparenten Leeschtungsnowäis
  • Viirschloen a Matschaffe un neie Projetë

Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier oder Aide-soignant (m/w/d)
  • Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
  • Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Kenntnisser an der Gestioun vun der Fleegeversécherung
  • Kenntnisser vum Aarbechtsrecht an dem SAS-Kollektivvertrag
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
  • Bereetschaft sech mat a fir Mënsche ze engagéieren

Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Droit d’exercer (ggfs)
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 24.4.2025

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Kontakt

Sacré-Coeur Diekirch

Directeur:
Serge KNOCH
18 rue de l'Hôpital
L-9244 Diekirch

Tel: +352 80 33 55 - 1
www.elisabeth.lu