Studenten fir Elisabeth Jeunesse (m/w/d)

ANNE-2501

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Sidd Dir interesséiert als Student während äre Vakanzen Elisabeth Jeunesse, de Jugendservice vun Elisabeth, bei eenzegaartege Projeten ze ënnerstëtzen an sou éischt Beruffserfahrung ze maachen ?

Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil

• minimum 18 Joer fir de Jugendberäich
• lëtzebuergesch schwätzen
• gültege Führerschein an eegenen Auto hunn
• Kentnisser hunn am Beräich

  • vun der Gamingwelt, Streaming an Discord
  • oder mat Videobeaarbechtungstools
  • oder an der Grafikgestaltung fir Social Media Content
  • oder vum Lasercutten, 3D Drock a Print

Op Ufuerderung kënnen eraginn:
• een CV
• eng Photo
• een Certificat de scolarité vun der Schoul datt Dir nach Schüler oder Student sitt
• eng Copie vun der Sozialversicherungskaart
• een Extrait vum Casier Judiciaire No. 3&5
• eng IBAN Kontosnummer

Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

Ennerstëtzung bei der Ëmsetzung fir eenzegaarteg Projete fir a mat Jonken. Du bass Deel vun eisen #Teams (Kreativ, Merch, SocialMedia a Gaming) a kanns deng Iddie mat anere Jonken deelen an ëmsetzen. Du kanns eng national Community mat opbauen an Deel dovunner ginn. Deng Erfarungen hëllefen eis bei der Ëmsetzung vun engem nationale Projet am Gaming an der Content Creation. Du kanns deng Iddien an Erfarunge mat aneren deele fir eng cool Jugendcommunity opzebauen. Mir bidden och spezifesch Formatioune fir Jonker un, dëst sinn zum Beispill de Babysitting oder eng Formatioun als Animateur. Informatiounen an Umeldunge fënnt een op www.elisabethjeunesse.lu.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Contact

Responsable Offres pour jeunes

Daniel Strecker
25 ZAC Klengbousbierg - Bâtiment A
L-7795 Bissen

+352 450774 - 6040
+352 621 50 50 81

www.elisabeth.lu