Ee Sozialpädagog fir d'sozialpädagogech Familljenhëllef am Süden vum Land (m/w/d)

EKFH-2511

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

Elisabeth Kanner- a Familljenhëllef sicht fir säin ambulanten Déngscht SIPO
Fir d’sozialpädagogech Familljenhëllef am Süden vum Land, ee Sozialpädagog m/w/d – CDI – 30 St/W

Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil

  • Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Sozialpädagog
  • Berufflech Erfahrung am Beräich vun der Kanner- a Familljenhëllef ass vu Virdeel
  • Weiderbildungen am Beräich vun der Kanner- a Familljenhëllef si vu Virdeel
  • Autonom schaffe kënnen
  • No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
  • Déi 3 Landessprooche (L/D/F) beherrschen.
  • Gutt Computerkenntnësser (MS-Office) si vu Virdeel
  • Empathie a Versteesdemech fir d’Situatioun vu de Kanner an hiren Familljen
  • Veräntwertungsbewosstsinn
  • Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeveräntwertung an Dynamismus
  • Teamfähegkeet, Kooperatiounsfähegkeet a Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft

Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

  • Eng villfälteg an ofwiesslungsräich Aarbecht
  • Een dynamescht Aarbechtsemfeld
  • 30 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
  • Weiderbildungen, Supervisioun an individuelle Coaching

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscour

Delai fir d’Kandidatur: 1.5.2025

Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Contact

Directeur:
Jacques SCHLOESSER

59A, avenue Victor Hugo
L-1750 Luxembourg
Tel. +352 46 21 31-1
jacques.schloesser@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu