elisabeth agenda elisabeth on Facebook linkedin Connection linkedin Connection linkedin Connection

D'Crèche Margréitchen op der "Foire agricole"

D'Crèche Margréitchen hat sech mat sengem Grupp vun den Tigeren um Moien vum 26te Juni mam Bummelbus op de Wee op Ettelbréck gemaach fir d'Foire agricole ze besichen.

 

Eis Handpopp d'Susi gouf dës d'Joer vun de Kanner mat op den Tour geholl an zesummen gouf all Déier perséinlech begréisst, all Trakter genau ënnert d'Lupp geholl an d'Wuppen um Grill d'Fäerte geléiert. Als Ofschloss gouf et nach eng Glace an e Gadget.

 

Merci a bis d'nächst Joer soen d'Margréidercher.

 

Summerfest an der Maison de Soins Sacré-Coeur zu Dikrech 07.07.2018

Konschtfestival Lellgen 23.06.2018 - Betzder Atelieren stellen aus

Kommt bis laanscht - D'Betzder Atelieren stellen e Samsdeg bis 17.00 Auer aus.

Mir freeën eis op äre Besuch.

Projet "Recycling an eis Ëmwelt"

"Wien? Wéi? Wou? Firwat?", 1000 Froen déi eng Äntwert fuerderen, 1000 flott Saachen ze entdecken. Ouni Froen kee verstoen, ouni probéieren kee léieren, kee begräifen ouni gräifen. An dat ass och eise Motto wärend de Méint Abrëll, Mee a Juni 2018. Als Iwwergang vum Projet zur Ëmwelt hinn zum neie Projet "kleng Fuerscher", huet d'Crèche Margréitchen zesummen mat de Kanner, hieren Elteren an der Equipe vun der Gäertnerei en neien Projet op d?Been gestallt: E Weidenhaischen bauen. Mëttwochs, den 9ten Mee hunn d'Leit sech versammelt fir zesummen a mat Hëllef vun der Gäertnerei vun der Gemeng Biissen de Kanner ee Weidenhaischen ze flechten.

 

Als kleng Stäerkung kruten all Participanten nach am Kader vun de Fairtrade-Wochen e Picknick mat fair gehandelten Produiten.

 

D'Crèche Margréitchen seet e grousse Merci un all d'Leit déi gehollef hunn dëse Projet op d'Been ze stellen: Der Gemeng a besonnesch dem Marc Junk deen de Projet geleet huet, dem Max Steffen, deen jiddermann an dat gutt Liicht réckt, eisen Elteren déi ëmmer Zäit fir d'Crèche fannen an de Kanner déi ëmmer gären eng Hand mat upaken.

 

 

 

 

 

 

Superdreckskëscht Label fir d'Crèche Margréitchen zu Biissen

An deene leschten 3 Méint stoung eis Ëmwelt am Mëttelpunkt vun den Aktivitéiten an der Crèche Margréitchen. D'Natur an eisem Ëmfeld deet eis richteg gutt an se schéngt ëmmer do ze sinn - mä wa mir an Zukunft net gutt op si oppassen, kann dat schwéier Konsequenze fir Mënsch an Déier mat sech bréngen. Wat ass gutt a wat ass net gutt fir eis Ëmwelt - a firwat? Kanner wëlle scho virum Schoulalter 'Welt ronderëm si entdecken a verstoen a virun allem mat agebonne ginn a sech selwer bedeelegen. D'Crèche Margréitchen ass vun dësem Virwëtz ausgaangen an huet versicht fir d'Kanner Schrëtt fir Schrëtt un e responsabelen a respektvollen Ëmgang mat onse Ressourcen erunzeféieren.

Ee Schwéierpunkt vun dësem Projet war Thema Recycling. D'Crèche Margréitchen engagéiert sech am Recycling an huet sech mat de Kanner d'Zil gesat de Label vun der Superdreckskëscht ze kréien. An dësem Zesummenhang hu mir ons allerlee Froe gestallt: Wat ass Recycling? Wéi funktionéiert Recycling? A firwat ass et wichteg ze recycléieren? Lues a lues sollen d'Kanner erkenne wourop ee soll oppassen. Si bedeelegen sech och aktiv an der Crèche a wësse lo schonn, dass mir net alles an eng Poubelle maachen: Pabeier a Plastik trennen, dat kennen eis Kanner schonn! Mir hunn op spilleresch Aart a Weis gesi wat wou fir den Tri an eisem Gebai hi muss, wou mir eng Statioun vun der Superdreckskëscht hunn, a stäerken doduerch hiert Ëmweltbewosstsinn an d'Bewosstsinn fir Nohaltegkeet.

D'Kanner sinn demokratesch matagebonne ginn an hunn sech aktiv um Projet bedeelegt, wärend déi Erwuesse virun allem eng Virbildfunktioun duergestallt hunn an hinne mat Erklärungen zur Säit stoungen.

No 3 Méint war et dann esou wäit, an den Här Uwe Zock huet de Kanner an der Equipe zesumme mat den Elteren de Label vun der Superdreckskëscht fir hir Beméiungen iwwerreecht. E grousse Merci fir dat flott Zesummeschaffen an den Engagement vun all Bedeelegten. D'Crèche Margréitchen wäert sech och weiderhin sech fir Nohaltegkeet duerch Recycling a Respekt virun der Ëmwelt engagéieren.

 

08.05.2018