elisabeth agenda elisabeth on Facebook linkedin Connection linkedin Connection linkedin Connection

Kleesercherstuten vun der Yolande Coop

Och dëst Joer bidd den Atelier protégé Mailing & Services vun der Yolande Coop Iech nees eng grouss Auswiel u Kleesercherstuten.

Ab enger Commande vun 200 Tuten kënnt Dir Är Bestellung op Är gewënschten Adress hei am Land geliwwert kréien.

D'Kleesercherstuten kënnt Dir bis den 01. Oktober per Mail oder Telefon bestellen: mailingatelier(at)elisabeth.lu / Tel.: 23 61 01 04.

Weider Informatiounen dozou an zum Atelier protégé Mailing & Services fannt Dir hei um Dépliant.

Mir soen Iech lo schons Villmools Merci fir Är Commande.

 

01.08.2017

 

Indiana Jos: Op de Spuere vu Fuerscher an Entdecker

D'Fotoen hei weisen d'Fuerscheratelieren, déi am Kader vun der Science Week 2017 (30.06.-07.07.) an eisen Haiser vum Kanner- a Jugendberäich stattfonnt hunn. Mir bidden doriwwer eraus dat ganzt Joer iwwer Fuerscheratelieren fir Schoulklassen un. D'Zil vun den Atelieren ass et déi natierlech Entdeckerfreed vun de Kanner opzegräifen, Impulser ze ginn an zesumme mat de Kanner spilleresch eis Welt ze erfuerschen, fir dës Entdeckerfreed oprecht ze erhalen a si fir Themen am Beräich vun der Naturwëssenschaft an der Technik ze begeeschteren. D'Fuerscheratelieren sinn sou konzipéiert, datt se d'Kanner uspriechen a motivéieren an d'Fousstapfen vum "Indiana Jos" ze trëppelen an zesummen mat aneren "Op Spuere vu Fuerscher an Entdecker" ze goen. Fir dat kënnen ze garantéieren, huet eis pädagogescht Personal u spezielle Formatiounen deelgeholl. An engem Wiessel vun Theorie, Praxis a Reflexiouns-Momenter gouf hinne gewisen, wéi ee mat Kanner naturwëssenschaftlech Themen ugeet. Kanner entdecken hir Ëmwelt mat hirem Virwëtz, hirer Kreativitéit an hirer Freed u Spillereien. Dobäi huelen si villes net sou selbstverständlech hin wéi Erwuessener. Nieft de Fuerscheratelieren, déi zesumme mat de Formateuren an eise Maison Relaisen opgebaut goufen, hu mir och mobil Fuerscheratelieren, mat deene mir an d'Schoule kommen. Am pädagogëschen Alldag ginn eis forméiert Mataarbechter regelméisseg mat de Kanner op Entdeckungsrees an entwéckelen hiert Wëssen an hir Experienz ëmmer weider.

D'Themen vun den Atelieren kënne mam Léierpersonal zesumme bestëmmt ginn, fir dës op den aktuelle Schoulprogramm ofzestëmmen. Mir hunn awer och fäerdeg konzipéiert Fuerscheratelieren, déi een an eisem Flyer opgelëscht fënnt.

Sidd Dir interesséiert? Dann mellt Iech entweder per Mail oder iwwert GSM bei der Mme Jutta Meyer, Responsable vum Projet Indiana Jos, un.

Mail: indiana.jos(at)elisabeth.lu

GSM : +352 621 547 129

Weider Fotoen vun den Atelieren fannt Dir op eiser Facebooksäit: Indiana Jos

01.08.2017

Don un de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher

De Päiperleksgaart krut de 14. Juni 2017 een Don vun 1.200 Euro iwwerreecht vun der Glécksstär asbl.

D'Madame Jacoby ass och den Auteur vun de Bicher Gladdermailchen, engem Kach- an engem Bakbuch, déi am Shop vum Päiperleksgaart verkaf ginn.

De ganzen Erléis vun de Bicher ass fir e gudden Zweck an d'Madame Jacoby huet en Deel un de Päiperleksgaart gespent.

Mir soen hir dofir villmools Merci.

 

31.07.2017

 

Waart Dir schon "Beim Lis"?

Säit Juni 2017 gëtt et eisen Duerfbuttek "Beim Lis" zu Ruedt/Syr dee vu Méindes bis Freides vu 7.00-19.00 Auer a Sonndes vun 8.00-12.00 Auer op ass, a méi bidd wéi ee gewéinlecht Liewensmëttelgeschäft.

 

Zousätzlech zu den iwwer 4000 Referenzen fir den deegleche Gebrauch, enger Théik fir d'Bäckerei a Pâtisserie, frëschem Uebst a Geméis, gëtt et och eng grouss Offer u regionale Produiten an och Produiten aus verschiddenen Ateliers protégésen.

 

Beim Lis ass aus der Iddi entstaan fir Léier- an Aarbechtsplaze fir Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ze schafen, an dat ausserhalb vun Ateliers protégésen.

 

Andeems si d'Méiglechkeet kréien mat hiren Aarbechtskollegen am direkte Kontakt mat de Clienten ze schaffen, gi Beréierungsängscht ofgebaut an et gëtt ee wichtege Grondsteen fir eng gelongen Inklusion an der Gesellschaft geluecht. Fir si dobäi beschtméiglech z'ënnerstëtzen huet elisabeth hinnen een "Jobcoach" zur Zäit gestallt, deem seng Hauptaufgab et ass fir d'Aarbechtsplazen a Prozesser optimal un déi jeweileg Kompetenzen vun deene Mënschen unzepassen a si während der Ufanksphase ze begleeden.

 

Eisen Duerfbuttek ass iwwrejens och eng vun deenen éischten Ariichtungen hei am Land déi een Agrément als "Société d'impact sociétal" (SIS) kritt hunn.

 

Kommt bis laanscht, mir freeën eis op Iech. Niewent entspaantem Akafen kënnt Dir och eng gutt Taass Kaffi bei eis drénken oder op eiser schéiner Terrass gemittlech eng kleng Paus genéissen.

 

Hei kënnt Dir Iech och eis éischt Newsletter eroflueden.

 

Duerfbuttek Beim Lis
7, rue de la Gare
L-6910 Roodt/Syre
Tel: 43 75 15-1
Fax: 43 75 15 99

E-Mail: epicerie@beimlis.lu

http://www.beimlis.lu/

https://business.facebook.com/beimlis/

 

31.07.2017

 

Duelemer Fuerscher ënnerwee

Ein Nachmittag im Science Center Differdange

 

Am 7. Juni 2017 lud das Luxemburg Science Center die Kinder des Service d'Education et d'Accueil An de Wolleken ein, sie in Differdingen zu besuchen.

Es konnten direkt die verschiedenen Workstations ausprobiert werden, die Kindern Phänomene aus den Bereichen Physik, Technik oder Mathematik anschaulich näherbringen.

Diese Workstations sind sehr gut durchdacht und auch für verschiedene Altersstufen konzipiert, so dass unsere Kinder sich ausdauernd und mit viel Interesse beschäftigten.

Als Höhepunkt wurden zum Abschluss im Stromlabor noch aufregende Experimente vorgeführt, die alle begeisterten und für einen tollen Feriennachmittag sorgten.

 

25.07.2017

 

Flott Impressioune vum Summerfest am Foyer Ste Elisabeth zu Beetebuerg de 16.07.2017

25.07.2017